Carte blanche jcw
100 Joer Nationalequipe
Virun e puer Wochen, den 29. Oktober waren et genee 100 joer, dass dei Letzebuerqer Nationalequipe hiren eisehre Match gespillt huet. Et wor den 29.0ktober 1911, wei mer an enger flotter Publikatioun kennen noliesen, dei d'FLF fir dei Gelegenheet an enger limtteierter Oplaag erausgin huet. Wa mer an där Brochure bliederen, di vum Petz Lahure a vum Arno Funck zesummegestallt gouf, da faalen ons eng Reih Saachen op.
An där eischter Nationalequipe hun exklusiv Spiller gespillt, dei aus Veräiner kommen, deenen hiren Nofollger haut de RFCUL as, Sporting Club Letzebuerq, Racing Club Letzebuerq, Union Sportive Hollerech. Wor daat Zoufall? Mir wessen, dass och anerwäerts Fussball gespillt gouf, den eischte Veräin am Land wor dei Escher Fola, an och 1908 gouf dei Escher jeunesse scho gegrennt. Firwaat vun hinne keen am eischte Lännermatch dobäi wor entzitt sech onser Kenntnis. Villäicht wor deemols dei jonk Federatioun dei och nach net FLF geheescht huet, net esou struetureiert, dass Spiller aus dem ganze Land seleetionneiert goufen an dei eischt Natianalequipe amfong eng Selektioun vu Letzebuerq, der Haaptstad wor ? Wann een dei eenzel Spiller och an der Gesamtstatistik vun der Nationalequipe nosicht, da gesäit een dass de Match vun 1911 fir vill vun hinnen dei eenzeg Selektioun wor,
oder se villäicht nach ap zwee oder dräi Lännermatcher am Ganze koumen. Fussball wor deemols eben nach an de Kannerschang. Emmerhin haat et 3 joer gedauert, bis et no der Grennung vun der Federatioun iwerhaapt zu engem eischte Lännermatch koum. D'Begeeschterung schenqt dofir awer schons grouss gewiescht ze sin. 2.400 Zuschauer gi vum Terrain vum Racing gemellt. An et wor och e Lokalmatador, den Albert Elter vum Racing, deen deen eisehre Goal fir Letzebuerg iwerhaapt geschoss huet. 4-1 huet Letzebuerg iwwregens geint Frankräich verluer, emmerhin gouf e Goal geschoss, waat net emmer an der Geschicht vun der Nationalequipe de Fall wor.
Deen zweete Lännermatch vu Letzebuerq, knapp annerhallewtjoer mei speit, bei der Revanche geint Frankräich, gouf et dann dei eischt Raafecht, woufir Letzebuerg jo emmer erem vun Zäit zu Zäit gudd es. 8-0 huet et fir Frankräich geheescht. Den 8. Februar 1914 gouf et dann dei eisehre Victoire, an daat erern geint Frankräich, 5-4 hun sech d'Letzebuerger duerchgesaat. Gewonnen a 5 Goaler geschoss, an daat geint e Geigner wei Frankräich, en eisehren historeschen Ament fir d'Nationalequipe stung an de Fussball-Annalen ...
jcw
====================================================
Der FLF geet et gutt ....
Der FLF geet et gutt...
...dat wor de Fazit läschte Samschdeg um Kongress zu Monnerech. Wéi ëmmer an der Vergaangenheet gouf et kaum Diskussiounen. Generell a seet esou, dass wann d'Keess stëmmt, d'Veräiner näischt musse bäilee'e, mee au contraire nach e puer honnertdausende Euro u Subsidien ausbezuelt kréien, d'Zefriddenheet op alle Bänke grouss as.
Sportlech konnte de President Paul Philipp op e gudd Joer zréckkucke, virun allem op gudd Leeschtunge vun de Veräiner an den Europäesche Coup'en.
De President huet awer nët jhust iwwert gudd Finanzen an iwwert d'Ongedold a Saachen neien nationale Fussballstadion geschwat, mee och iwwert déi strukturell Situatioun vum gréisste Lëtzebuerger Sportverband. An daat as e positiven Aspekt vu dësem Kongress.
D'Jugendaarbecht am Lëtzebuerger Fussball boomt, ëmmer méi Jonker wëlle Fussball spillen, de Formatiounsniveau klëmmt allgemeng, Sportschoul, Sportslycée droen hir Friichten, och déi konzentréiert Jugendaarbecht an de Veräiner.
Ee grousse Problem bleiwt den Encadrement. Et feelt iwwerall u Bénévol'en déi mat de Jugendequipen erausgin, déi d'Jongen a Meedercher Coachen, mat hinne fueren, um Terrain eng Hand upaken. Dacks gët déi souwiesou schons dënn Personaldecken am Encadrement och nach duerch onhandlech statutaresch Bestëmmunge quasi sabotéiert, wéi de RFCUL-Vertrieder Kurt Zikes op der Kongress-Tribün ze erziele wosst.
Simplification Administrative bei der FLF, Motivatioun vu Bénévol'en, Responsabiliséirung vun Elteren, daat sin déi Felder, déi an nächster Zäit musse beaaktert gin. Och am Racing. Avis aux amateurs! jcw
====================================================
wien hätt dat geduecht
Wien hätt dat geduecht
Dass mer elo Mëtt September géinge mat 10 Punkten aus 4 Matcher un der Tabellespëtzt matspillen. Och wann ech net zu de chronesche Pessimisten gehéieren, dar mer der leider vill ënnert onse Supporter hunn, sou hat ech dach sou meng Bedenkee, wéi de Spillkalenner fir déi nei Saison erauskomm wor. Diddeleng, Hamm, Jeunesse, Déifferdeng, fir déi éischt véier Matcher, do hätte mer gutt a gär kennen Enn August mat eidelen Hann um Tahellewupp stoen. Dass mer den F91 géingen op Diddeleng klappe goen, ass schonns eng vun de klenge Sensatioune vun dësem Saisonoptafet ze wäerten. Dass dat awer keen Zoufall wor hunn d'Matcher dono gewisen. Kloer an däitlech Victoire geint de lokal- an Äerzrival Hamm, ee Punkt zu Esch géint eng deen Owend ganz staark Jeunesse, an elo standesgeméiss eng 3-0 Victoire heim Opsteiger Remeléng, dat léist sech weisen. Feelt ons nach de Match geint Déifferdeng. Hei hate mer villäicht een Ament geduecht, dass dee Match fir ons Equipe zum verkéierten Ament géing ausfale, wou mer e gudde Laf haten. Mee dee Laf schénge mer elo nach ëmmer ze hunn, a wie weess, villäicht kennt jo elo his den 28. September bei Déifferdeng déi grouss Middegkeeet no den europäeschen Exploit'en ( Felicitatiounen iwwregens op Déifferdeng).
Den Optakt vun onser Equipe an déi nei Saison kann ons endlech optimistesch stemmen, ouni dass mer sollen euphoresch ginn. An hoffentlech och emol bei den notoresche Pessimiste emol fir eng positiv Ambiance suergen. Eent as sécher, De Sébastien Allien huet mat sénger Approche uum spilleresch héigen Niveau endlech e verdéngten Resultat och an der Tabell . An de Racing weist domat, dass een och iwwert e spillereschen Opbau, net just iwert finanziell Muskelspiller ka Resultater bréngen. Dat ass et wat Fussball um Enn zu deem flotte Sport mécht, deen en ass.
jcw RacingNEWS-R4
Eent ass sécher....
Eent ass sécher....
...mir brauchen zu Lëtzebuerg en neie Fussball-Stadion. Wou dee Stadion hikënnt, a wéini do den éischte Match kann ugepaff ginn, dat wëssen den Ament just Hellseher.
2009 wor de Projet lancéiert ginn: en neie Stadion soll op Léiwéng kommen, kombinéiert mat engem Akafs- an Outlet-Center. Domat hat d ‘Regierung gemengt gehat, si géing bëlleg un en neie Stadion kommen. An Zäite wou déi staatlech Finanzen nët méi déi bescht sinn, an d ‘Suen éischter gebraucht gi fir Banken ze retten, hat ee gemengt, de genialen Deal mam Investisseur an F91-Mäzen Flavio Becca fonnt ze hunn. Dee géing kënne säi Akafszenter op seng Terrain ‘e bauen a géing als Merci souzesoen donieft e Stadion bauen. Eent kéint vun deem anere profitéieren.
Perfekt hätt ee kënnen op den éischte Bléck mengen! Do hat een awer d ‘Rechnung ouni déi lokal Ëmweltschützer gemaacht.
De Projet Léiwéng ass finalement zum Politikum ginn, huet de Walkampf dominéiert, de President vun der Biergerinitiativ an de Gemengerot bruecht, an de Buergermeeschter seng Majoritéit kascht och wann hie selwer gutt gewielt gouf a seng Partei stäerkste Kraaft bliwwen ass..
Méi wéi jee steet elo de Projet Léiwéng op der Kipp. Eng Majoritéit fir an der Gemeng Réiser déi néideg Autorisatiounen ze ginn zeechent sech nët of. Verluer huet finalement bei de Politiker keen duerch de ganze Sträit. Eenzege Verléierer ass de Fussball. En neie Stadion dierft nach esou séier nët gebaut ginn...
jcw
--------------------------------------------------------------------------